Vous êtes à la page : Geschicht

Fir déi 'theatralesch Ennerhalung' an eisem Duerf ze iwerhuelen, sin de 5. Januar 1917 am Sall Betzen am 'Gréngen Eck' wou haut de 'Greenbis' steet, e puer Awunner zesummen komm an hun de Veräin 'Cercle Symphonique et Dramatique de Bissen' gegrennt. 

Den éichten Comité huet sech folgendermossen zesummegesaat:

BODEN Michel - Präsident

ADAM August - Vice-Präsident

MARSO Charel - Sekretär a Caissier

SCHARTZ Jean - Verwalter

BEELENER Jean - Beisetzend

STOFFEL Georges - Beisetzend

REINERT Nic - Beisetzend

De Reinert François war mat der Theaterleedung betraut a 26 Member huet de Veräin zu deem Ablack gezielt.

Berichter aus den Ufanksjoeren vum Veräin lossen dorobber schléissen datt d'Veräinsliewen zu der Zäit oft hart a streng war. Et war guer nit sou einfach fir iwerhaapt an de Veräin opgehol zegin. Leider feelen awer och méi détailéiert Berichter aus der Zäit.

De Veräin huet sech all Joers um Fackelzuch fir Nationalfeierdaag bedeelegt deen deemols nach den 22. Januar war. Ausserdem un der Cavalcade durch Duerf deelgehol , sou wéi  Bësch- a Wisefester, Baler an eben Theaterowender organiséiert.

1920 konnt de Veräin eng éicht Veräinsrees organiséieren. D'Rees goung mam Zuch vun Biissen iwer Ettelbréck, Dikrech bis op Iechternach. A vun do aus och nach bis an de Mellerdall. 

Den 3. Juni 1922 gouf den Här Michel Tonteling zum Präsident gewielt an hien sollt dest Amt onennerbrach 23 Joer bis den 4. September 1945 nit méi oof gin.

Ab 1936 heescht de Veräin nach just 'Cercle Dramatique Bissen'.

Am Joer 1938 huet de Veräin sech e neien Fändel zougeluecht, deen een awer leider nit firun der 'Spannstoffsammlung' vun de Nazien retten konnt. Giedel war d'Madame Irma Schaack a Pätter den Här François Kremer.

An der éichter Generalversammlung nom 2. Weltkrich koumen den 2. Oktober 1945 14 Member zesummen an hun een neien Comité gewielt. Den Här Emile Weber huet de Präsident  iwerhol an et gouf beschloss mat neien Kräften d'Veräinsliewen rem opbléien zelossen. Schon deen éichten Sondeg am Dezember gouf een Theaterstéck opgefouert a Chrëschtdaag een Baal.

Wéinst der schlechter finanzieller Laag gouf beschloss een weidert Theaterstéck opzeféieren fir d'Kees opzebesseren an d'Onkäschten vun deem neien Fändel ze decken. Den 2. Juni 1946 gouf de Fändel ageweit. Giedel war d'Madame Nelly Reuland-Sinner a Pätter den Här Aloyse Raths.

An deser Period hued den Cercle Dramatique och d'Aufgab iwerhol fir all Joer de Sondeg firun Niklosdaag d'Kanner am Duerf ze beschenken. Eng Traditioun déi bis haut, dank der finanzieller Ennerstetzung vun der Gemeng, konnt bäigehalen gin.

Am Joer 1948 konnt, zwar mat bessen Verspéidung, drëssegjähregt Bestoen gefeiert gin.

4 Member haaten zu deem Zäitpunkt dem Veräin säit der Grennung onnennerbrach ugehéiert an goufen bei der Geleenheet geéiert. Déi Hären Mergen Michel, Reding Nicolas, Reinert Nicolas a Stoffel Charles. De Veräin huet deemols och hieren gréisten Ausfluch organiséiert an zwar goung d'Rees an d'Vogesen.

Bei der 50 Joerfeier konnten nach 4 Grennungsmember gefeiert gin. Déi Hären Beelener François, Heck Théodore, Schartz Jean a Stoffel Charles.

Hei de Programm vun der 60 Joerfeier de 4. September 1977.

9.45 Cortège mat allen Duerfveräiner vun der Gemeng aus an d'Kierch.

10.00 Feierlech Mass fir all verstuerwen Memberen vum Veräin ennert der Matwierkung vun der Chorale St. Cécile Bissen

No der Mass Usprooch vum Här Henri Banz, Präsident vum Cercle Dramatique a Néierleung vun enger Gerbe virum Monument des Morts.

11.30 Eirewäin offréiert vun der Gemeng fir all fréier Member vum Cercle Dramatique, fir d'Präsidenten an d'Fändelsdréier vun de Veräiner.

Mëttes: Iessen fir déi fréier an heiteg Member vum Cercle Dramatique.

19.30 Concert um Kiosk mat der Biisser Musek

20.30 Bal am Café um 'Gréngen Eck'

 

 

Folgend Leit haaten bis lo den Posten vum Präsident iwerhol:

 

- Boden Michel 1917-1922

- Tonteling Michel 1922-1945

- Weber Emile 1945-1947

- Nilles Nicolas 1948-1949

- Stoffel Charles 1950-1952

- Reding Théodore 1952-1953

- Stoffel Charles 1953-1954

- Weber Emile 1954-1962

- Bantz Henri 1963-1981

- George-Thilmany Thérèse 1981-1989

- Soethoudt Robert 1989-1998

- Goerend-Bonert Marie-Rose 1999-2008

- Saurfeld Roger 2009-